Background am Gespréich vum 25. November - Luc Frieden: Et ass net alles "super an easy", mee d’Agenda ass "positiv" (2024)

E Samschdeg war den neie Premierminister eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

"Mir hunn an dësem Koalitiounsprogramm keng Spuermoossnamen fir den Ament virgesinn, wat een net däerf interpretéieren, datt d’Suen elo einfach zur Fënster erausgehäit ginn". Dat huet den neie Premier Luc Frieden e Samschdeg am Background hei op RTL deklaréiert. D’CSV an DP stéingen fir responsabel Staatsfinanzen huet hie betount. Hien huet awer och d’Previsioune relativiséiert, déi hie wärend de Koalitiounsverhandlungen krut, an deenen no d’Staatsschold schonn an 2 Joer géingen iwwer 30% vum PIB klammen. Souwisou kéinten et och 29, 30 oder 31% sinn, soulaang Lëtzebuerg den Triple A géing behalen. De Luc Frieden sot, hien an déi zoustänneg Ministere géingen de Ratingsagencen hir Demarche erklären.

De Background am Gespréich mam Luc Frieden

E Samschdeg war den neie Premierminister eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Wann Aktiounen néideg ginn, well d’Welt ännert, da géing een driwwer diskutéieren. Am Fall vun enger Kris, déi een net kéint virgesinn, géing ee cibléiert virgoen a virun allem deenen hëllefen, déi am mannsten hunn, huet de Luc Frieden verséchert. Mee et kéint een net just vu negativen Zenarien ausgoen, wann ee wéilt virukommen.

De Premier huet zouginn, datt aktuell – wirtschaftlech an international - net alles "super an easy" ass, mee hie gleeft un de "positiven" Agenda vun der neier Regierung. D’Steiererliichterungen, mee och vereinfacht Prozeduren fir d’Betriber a Fortschrëtter an der Digitaliséierung géingen déi erwënschte wirtschaftlech Croissance mat sech bréngen. Esou géing et de Leit besser goen, d’Ekonomie besser dréinen a flott Aarbechtsplazen entstoen. An där Logik geet de Spëtzesteiersaz och net an d’Luucht, obwuel d’CSV an hirem Walprogramm eng Hausse vun 42 op 43% virgesinn hat. De Luc Frieden huet och de Virworf net gëlle gelooss, datt mat der Upassung vum Barème un d’Inflatioun besser situéiert Leit am meeschten entlaascht ginn. Hien huet drop higewisen, datt déi di et am Schwieregsten hunn am meeschten mat anere Mesuren och ënnert d’Äerm gegraff kréien. Doriwwer eraus wier de Spëtzesteiersaz, combinéiert mat de Cotisatiounen a mat der Solidaritéitssteier «eigentlech scho relativ héisch».

D’CSV an DP wëllen iwweregens awer och keng Verméigenssteier aféieren, mee bekenne sech zu enger Reform vun der Grondsteier. De Projet, deen déi viregt Inneministesch Taina Bofferding deposéiert hat misst awer iwwerschafft ginn opgrond vum negativen Avis vum Staatsrot.

"Deenen di manner hunn geet et net onbedéngt besser wann een deenen déi méi hunn alles ewechhëlt"

Fir eppes géint Aarmut oder géint d’Ongläichheeten ze maachen, wëllen d’CSV an d’DP am Logement Neel mat Käpp maachen. De Premier huet souwuel d’geplangten Steiervirdeeler fir den Invest an de Locatif oder bei engem Immobiliëprêt nach emol verdeedegt, mee och un d’Virsätz fir d’Prozeduren ze vereinfachen erënnert. Hie wéilt de Bierger net d’Recht ewechhuelen fir géint Bauprojeten ze reklaméieren, well et wier een an engem Rechtsstaat. Mee et kéint een driwwer diskutéieren ewéi ee gewëss Prozeduren, déi am längsten daueren, kéint reduzéieren.

Déi nei Regierung bekennt sech zu de Klimaziler an dem nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) an de Luc Frieden wéilt sech och d’Moyenen ginn fir déi Ziler z’erreechen. Allerdéngs gleeft hien, datt et och ouni onpopulär Mesure geet an hien huet souguer dem neien Ëmweltminister Serge Wilmes mat op de Wee ginn mat senge Beamten ze schwätzen, fir datt déi hiren Etat d’Esprit änneren. Et misst ee méi mat de Leit Léisunge sichen amplaz Projeten, fir zum Beispill Photovoltaik ze blockéieren.

De Luc Frieden huet iwweregens deklaréiert, datt hie selwer seng Regierungserklärung geschriwwen huet. An de Metadonnéeë vun der geschriwwener Versioun vun der Ried déi un d’Redaktioune geschéckt gouf stoung nämlech «EHP» (Elvinger Hoss Prussen) beim Auteur. De Premier huet erkläert, datt hien nach säi Computer benotzt huet, deen e bei sengem fréieren Employeur krut. Hien huet och verséchert, datt de Regierungsaccord net vu groussen Affekoten-Etüden mat geschriwwe gouf. Wärend de Koalitiounsverhandlunge krut hien eng Rei Bréiwer vun enger Rei Organisatiounen an zum Deel wiere Saachen mat an de Programm mat agefloss. De Luc Frieden huet nach bäigefüügt: déi aner Bréiwer, déi sinn net vergiess.»

Entrevuen mat Macron a Von der Leyen

Am Ufank vum Background huet de Luc Frieden gesot et wier nach alles ongewinnt als neie Premier. Et wier schrecklech vill Aarbecht mee hir wier sech senger Aufgab bewosst. Et wier den Intérêt général deen hien undreift. Hien huet ënnert anerem e Kalenner fir d’Ëmsetzung vum Regierungsprogramm ugekënnegt an datt am Regierungsrot e Méindeg schonn iwwert en éischte Gesetzprojet diskutéiert gëtt mat deem d’Kafkraaft soll gestäerkt ginn. Um Programm sti fir den neie Premier d’nächst Woch Reuniounen mat franséische President Macron a weideren EU Regierungscheffen, sou wéi mat der EU Kommissiounspresidentin Von der Leyen.

Background am Gespréich: Luc Frieden

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

Background am Gespréich vum 25. November - Luc Frieden: Et ass net alles "super an easy", mee d’Agenda ass "positiv" (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Msgr. Benton Quitzon

Last Updated:

Views: 6706

Rating: 4.2 / 5 (43 voted)

Reviews: 90% of readers found this page helpful

Author information

Name: Msgr. Benton Quitzon

Birthday: 2001-08-13

Address: 96487 Kris Cliff, Teresiafurt, WI 95201

Phone: +9418513585781

Job: Senior Designer

Hobby: Calligraphy, Rowing, Vacation, Geocaching, Web surfing, Electronics, Electronics

Introduction: My name is Msgr. Benton Quitzon, I am a comfortable, charming, thankful, happy, adventurous, handsome, precious person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.